D'Nordstad
Den Adrien Ries, gebuer de 14. Juli 1933 zu Biwels, gestuerwen den 10. Oktober 1991 zu Ribeauvillé am Elsass, war e Lëtzebuerger Jurist, Economist an Auteur.
Den Adrien Ries huet op der Universitéit Léiwen Droit an Economie studéiert. Bei der Shell zu Bréissel huet hie seng éischt berufflech Erfahrunge gesammelt, a vun 1962 bis 1986 huet hie Carrière bei der Europäescher Commissioun gemaach.
Niewent enger Rëtsch Publikatiounen iwwert economesch Themen, haaptsächlech der Agrarpolitik, der Lëtzebuerger Economie, dem Automobil an der Medielandschaft, bleift hie ville Lëtzebuerger als villsäitegen Auteur vun Tagebicher, Reesreportagen a virun allem als Kolumnist a verschiddenen Zeitungen a Périodiquen an Erënnerung.
Den Adrien Ries huet 1973 de Begrëff Nordstad geprägt, deen den urbanen Ballungsraum ëm Dikrech an Ettelbréck bezeechent.
zu Déikrich, den 2. Juni 1973, op der Feier vum 80. Stëftongsdag vun dem Déikricher Geschäftsverband.
Här Prësident, Här Staatsminister, Dir Dammen an Dir Hären Autoritéiten, Dir Dammen an Dir Hären!
Ech fille mech ganz besonnesch geéiert, duerch d'Geleënheet déi ech haut hun bäi esou engem wichtege Festakt wéi d'Feier vum achtzegsten Stëftongsdag vum Déikricher Geschäftsverband d'Wuerd ze ergreifen.
Et soll mir erlaabt sin, virun allem Iech Déikricher Geschäftsleit an dem Comité vun ärem achtzeg Joër alen Verband ze begléckwënschen haut op ärem Festdag. Datt Dir den eelsten Geschäftsverband an eisem Land sid, as jo un sech schons eng Leeschtong; datt Dir haut an enger Welt, déi an zeng Joër méi séier changéiert ewéi fréier an engem ganze Joërhonnert grad esou äerdeg, grad esou kéng a grad esou daper sid ewéi är Grousspäpp, wéi si äre Verband gegrënnt hun, daat verdengt meng an eiser aller Bewonnerong; datt Dir är Feier vun haut, déi eng laang a schéi Vergaangenheet éiert, resolutt ënnert d'Zeechen vun ärer Zoukonft stellt, an enker Zesummenaarbecht mat äre Frënn vun den Noopeschgemengen, as den Ausdrock vun enger grousser Offenheet a vun dem ferrëme Wëllen, selwer är Zoukonft an d'Hänn ze huelen.
Den Thema, den ech haut behandele soll, as vu enger grousser Aktualitéit. Fir d'éischt mol, well Di Geschäftsleit vun Déikrich d'Ketten vun enger a nonzengten Joërhonnert opgeriichter Struktur sprenge wëllt an d'politesch Organisatioun vun dësem Deel vun eisem Land un d'wirtschaftlech Realitéiten vun haut upasse wëllt. Zwetens och well Landes- an Regionalpanung, Emweltschutz a Liewensqualitéit, Industrialiséierung an Infrastrukturen, den Drang no bessere Schoulen, Spidäler a Sportsanlagen, no méi schéinem, méi rouegem a méi propere Wunnen haut a jidfer Mond ze fannen as. An drëttens, well d'Gemengefusioun e Politikum gin as: d'Regéierong schléit e Schema A an e Schema B fir: Ettelbreck a Bissen si fir de Schema B, Bettenduerf, Déikrich, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg verwerfen se mol allebéid, an zéien dann, den een no hott an den aneren no har. Mä, dat as guer nët esou wichteg: wat zielt, as datt sie sech alleguer fir de Prinzip vun der Fusioun ausspriechen.
Ech wëll elo versichen, d'Problemer, déi sech an dëser Géigend stellen, kengem zu Léif kengem zu Leed ze analiséieren an esou duerzestellen, wéi se mir als Drëttem, als Onofängegem erschéngen. Wann ech och gefillsméisseg un des Géigend gebonne sin, well mäi Papp a mäi Grousspapp woren Ettelbrecker, kann ower kee mir de Virworf maachen - daat hoffen ech deen d'Babel, dem Aaf seng aartlech Fra, am Rodange sengem Rénert dem Bier an dem Wollef mécht:
,,Do wessen se ze plangen Fir d'Land bal dët, bal daat, An hun um Enn dach ëmmer, Fir d'egen Täsch geschwaat."
Am Géigendeel, als europäische Beamten, mat e bëschen Versteesdemech fir d'italiéinesch Suergen aus dänischer Sicht a fir d'franséisch Problémer aus preisescher Virstellong, fir d'belsch Gebruddels mat engleschem Phlegmatism an europäesch Froën iwerhaapt mat e bëschen Eislécker gesonde Menschenverstand ze léisen, mengen ech, dee bal e Veiner Géck sin, och eppes Gefill ze hun fir d'Suergen, d'Problemer an d'Froën vun esou verschiddene Leit - entschellegt wann Iech gelift meng riichteraus Sprooch - wéi d'Dikkricher leselen, d'Gilsdorfer Kueben an d'Ettelbrecker Pärdsdéif!
Verstoën as ower nach laang nët léisen. Fir Problemer ze léisen op eng Manéier, déi vun der Blees bis an d'Wark an d'Atert an an d'Uelzecht begraff an och ugeholl gët, besteet menger Meenong no nëmmen ee Wee: dene Leit, déi et eppes ugeet, hir Meenong froën. Ech si fir d'Mattbestëmmung op alle Gebidder: och hei soll d'Meenong gefroot gin a mat den eegenen Gedanken kombinéiert an ofgestëmmt gin. An duerfir sin ech och esou dankbar, datt den Déikricher Geschäftsverband am Abrëll eng Emfro an dëser Géigend duerchgefouert huet. D'Resultater vun dëser Emfro huet Dir éinschter bäi der Dir an de Grapp gedréckt kritt. Dës Enquête huet mech nët nëmmen a verschiddenen Idiën gestäerkt, si huet mir och de Wee gewisen, deen ech elo an dëser Ried aschloë wärd.
Ech hun nähmlech kënne feststellen, datt déi meechte Leit mat mir der Meenong sin, datt dëse Raum ee wirtschaftlecht a sozialt Ganzt duerstellt, mat ongeféier 112 km2 a 17 000 Awunner, mat enger Aarbechtspopulatioun vun 8 bis 9 000 Leit, mat modernen Industriebetrieber, déi an deene leschte Joër méi ewéi 6 Milliarde Frang hei investéiert hun.
Ech sin iviwerzeegt dervun, datt sech hei an dëser Géigend elo daat oofspillt, waat viru méi ewéi honnert Joër do ënnen am Süden vun eisem Land geschitt as, wéi d'Stohlindustrie, den Nerv vun eiser Wirtschaft, entstanen as. All Unzéchen weisen drop hin, datt an deenen nächsten 20 bis 30 Joër hei bei Iech allerhand vill wärd lass sin.
An der Emfro hu mer d'Leit gefrot, wéi een dës Géigend nenne soll. Aus de villen Antwerten a Virschléi hun ech weder dat preisescht Nordstadt, Kirchbrück oder Diebrück nach dat franséischt Norville rausgesicht, mä dat lëtzebuergescht Nordstad. Kommt Dir aus dem Eisléck, vu Musel a Sauer oder vun der Atert, da wëlle mir Awunner aus dëser Géigend Iech an ärer Stad empfänken. Fir lech alleguer as d'Stad nët méi d'Haaptstad Lëtzebuerg wéi et am Volleksmond heescht - : fir Iech as d'Stad hei an dem Raum wou Blees a Wark, an Atert an Uelzecht mat der Sauer zesummelafen. Fir Iech sin also d'Stater nët méi déi Leit vum Knuedler, aus der Enneschtgaass oder vum roude Pëtz, mä Dir Awunner vun der Nordstad sit fir d'ganz Eisléck déi nei Stater.
Kënn Dir lech eng lëtzebuergesch Regéierong virstellen ouni ee Minister aus der Haaptstad Lëtzebuerg, ouni ee Minister aus der Industriestadt Esch? Neen, nët Dir? Mä Dir kënnt lech ganz gutt eng lëtzebuergesch Regéierong virstellen ouni ee Minister vun Déikrich, oder vun Ettelbreck, vu Schieren oder vu Colmer-Bierg, well all dës Uertschaften eenzel nët an d'Wo falen.
Setzt Iech beieneen, iwerstrëppt daat wirtschaftlech Gerëpp mat enger politischer Haut, ballt Är Kräften zesumrnen, git eng Stad vu 17 000 Awunner: Dir wärd gesin, datt de Moment geschwënn do as, wou een sech och keng lëtzebuergesch Regéierong méi ouni ee Minister aus der Nordstad virstelle kann.
Déi Stad vun der Zoukonft, Är Stad, wärd aus deene Gemengen an Uertschaften bestoën, déi Dir Awunner aus dëser Géigend dozou bestëmmt. Bis zu 19 Gemengen goufen an der Enquête duerzou virgeschloën. Daat wir ower een décke Koup, so Dir sécher: et wir jo schon allerhand erreecht wa mir mat e puer Gemengen ufänke kënnten. Aus der Emfro kann ee rausliesen datt baal jidfereen mat Déikrich, lerpeldeng an Ettelbreck averstan as; 92% vun de Stëmmen si fir Schieren, 79% fir Colmer-Bierg; all aner Gemengen leien méi wéit hannen. Duerfir geng ech lech dann och virschloën, den Numm Nordstad esou ze verstoën, datt hien de Raum vu 7 Gemengen bedeckt: Bettenduerf, Déikrich, lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, Colmer-Bierg a Bissen. 7 Gemengen, déi am Joër 1972 méi wéi 360 Milliounen ausgin hun, vun denen den Här Innenminister lech ganz sécher erziele kënnt, datt hien ee Fönnefjoërsplang kritt huet mat Gesamtinvestitioune vu baal 700 Millioune Frang. 7 Gemengen, déi zesummen haut schon all Zeechen vun engem héigen Entweckelongspool hun: Verwaltongen, Geriicht, Spideeler, Altersheimer, Schoulen, Sportsanlagen, a besonnesch Geschäfter a Banken.
A wann och nach kee groussen, modernen Hotel der eenzeger Hotelschoul aus dem Land zur Verfügung steet, sou wees haut d'ganzt gastronomescht Europa schon, datt den eenzege Restaurant mat zwéi Michelin-.Stären aus dësem Land hei an ärer Stad as. Milliounen europäesch Automobilisten fueren och mat Nordstadpneuën, esou wéi Milliounen europäesch Konsumenten genëschelt Nordstadzigarette fëmmen oder Nordstadbéier drenken.
Ech kënnt elo déi Lëscht vun Nordstadprodukten, mat oder ouni Stären, weiderspannen an d'Broud aus enger bekannter industrieller Bäckerei oder de Quetsch aus enger renomméierter Brennerei ernimmen; ech kënnt och d'Nordstad als Pattonstad duerstellen, als Zentrum fir den internationalen Motosport oder als Plaz vum wahrscheinlech gréissten Forschungsinstitut vun eisem Land.
Mä loosse mer déi Näipen: schéi Rieden sin zwar ze gebrauchen mä d'Praxis as den Drot. Hei niewent mer steet eng groussig faarweg Kaart mat engem schématesche Plang vun der Nordstad. Erlaabt mer fir d'éischt, datt ech hei der Bauverwaltong, a besonnesch dem sympatheschen Här Mik Rosch, merci soën fir dëst Meeschterwierk. Wéinst dem Hâr Rosch senger Zeechekonscht as et fir mech vill méi Iiicht, Iech meng Idiën auserneenzeleën an, esou hoffen ech och, fir Iech méi einfach, aus méngen nach ëppes verwurrelte Gedanken klug ze gin.
Éiert ech awer zu dësem konkreten Deel komme geng ech gären e puer Bemierkongen man. Fir emol alle Mëssverständnessen virzegräifen: dee Plang do entspréngt ménger Imaginatioun an as also eng reng perséinlech Viirstellong. En huet also näischt, awer och glad näischt ze doën mat den Idiën vun den Organisateuren vun dëser Sëtzong, mat den Idiën vun de Gemengen, déi ugesprach gin, oder mat den ldiën vun der Regéierong oder hire Verwaltongen. Ech wëll och nët dem Här Staatsminister séngen Ausféierongen virgräifen mä ech kënnt mir ganz gutt virstellen, datt zum Beispill den Tracé vun de Stroossen, esou wéi ech mir e virstellen, awer och guer nët mat den ldiën vum Här Bautenminister oder senger Bauverwaltong iwereneestëmmt; datt meng Idi vun enger nordstädtescher Gemengefusioun de gemengepolitische Prinzipiën vum Här Innenminister diametral entgéintleeft; oder datt d'Opriichten vun engem grousse Geschäftszentrum - och mat grousse Geschäfter - zwëschen Déikrich an Ettelbreck op de Widerstand vum Här Wirtschaftsminister stéisst. Sidd also wann lech gelift virsiichteg mam Gebrauch vu mengem Text, och deem geschriwenen, an erënnert Iech ëmmer drun, datt ech ganz eleng duerfir d'Verantwortung droën.
Hei nach eng zweet Bemierkong: alles waat ech op dee Plang mole gelooss hun, as natiirlech nët aus der Luucht gegraff. Ech sin Realist genug fir daat, waat scho besteet oder definitiv geplangt as, fir boër Mënz unzehuelen. Ech sin och dervir, datt d'Meenong vu de 17 000 Awunner aus dëser Stad gefrot muss gin eis Emfro wor jo schons duerfir een éischten Test datt déi Meenong esou wäit wéi nëmmen mélgelech respektéiert muss gin. An zum Schluss sin ech och demokratesch genug gesënnt, fir ze wëssen datt d'Partikularinteressen vun eiser Stad, esou berechtegt se och kënne sin, op jidde Fall hannert deene méi groussen Interessen vun dem Lëtzebuerger Land a vun der ganzer Lëtzebuerger Gesellschaft stin a stoë mussen.
An hei dann nach eng drëtt Bemierkong. Dee Plang, deen Der hei gesid, as opgeriicht gin an der Optik vun der Zoukonft, vum Joër 2000, wann Der wëllt. E wëllt virun allem Regard hun fir d'Ufuerderongen vun enger Industrie- a Konsumgesellschaft, déi sech ëmmer méi hektesch entwéckelt, alles iwer de Koup schmäisst, d'Emwelt zerstéiert, d'Liewensqualitéit zerräisst an d'Menschen - obschongs si méi en héigen Liewensstandard hun, manner laang schaffe mussen, duerch den Auto nët méi un eng Plaz gebonne sin - no an no op den Hond bréngt.
Är Stad, déi ouni Zweifel an denen nächsten 20 oder 30 Joër vun haut 17 000 op 25, 30 oder esouguer 40 000 Awunner klëmmt, soll sech an Ordnung, Propretéit, Rou a frëscher Loft entwéckelen. D'Beispill vun eisem industrielle Süden, zwësche Péiteng an Dideleng, soll eis fir éiwesch drun erënneren, wéi d'Entwécklong nët virun sech goë sollt.
Duerfir, Dir Dammen an Dir Hären, brauche mir d'Raumplanung. An duerfir brauche mir och hei fir eis Nordstad e Plang, dee gesetzlech festgeluegt ee fir allemol bestëmmt, fir waat mir de Raum dee mer an nëmmen beschränkter Quantitéit zur Verfügong hun, gebrauchen diirfen a fir waat nët. Duerfir brauche mer och Spillregelen, un déi jidfereen sech hale muss, wann en nët als Fuddler bekannt wëllt sin. Duerfir brauche mir och eng zentral Autoritéit, déi dës Spillregelen festleet an déi wéineg finanziell Mëttelen déi mer hun prioritär an optimal asetzt.
Wéi kann elo sou ee Plang ausgesin? Ech dréine mech der Tafel zou a fenke mol mat de Verkéiersweër un. D'Nordstad as, wéi mer all wëssen, un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Wann d'CFL-Verwaltong et wëllt, kenne mer also kamout a séier aus eiser Stad an d'Haaptstad Lëtzebuerg mam Zug fueren. E groussen Deel vun den Industriezonen as iwer d'Schinn un daat internationaalt Eisebunnssnetz ugeschloss.
Mat de Stroosse si mer wahrscheinlech nët esou gutt drun. Mir hun nët nëmmen Schwieregkeeten fir duerch all déi Uertschaften ze fueren, mir hun och keng Schnellverbindungen zou aneren Entwécklongspoler oder zou anere wichtegen Uertschaften am Land. An der Emfro hu mer de Leit d'Fro gestallt, waat fir eng Prioritéiten si fir hiert Stroossennetz wëllten hun. Als éischt Prioritéit koum do d'Autobunn Lëtzebuerg-Nordstad raus: si kënnt vum Rouscht, leeft hannert Schieren an Ettelbreck laanscht, kënnt ungeféier bei der Laduno raus; vun do aus get si hannert lerpeldeng laanscht bis op Felen weidergezun, wou si sech un d'Strooss fir op Baaschtnech uschléisst.
Déi zweet Prioritéit as déi vun enger Emgehungsstrooss. Meng Opfaassong wor an as och nach, datt, wann een aus deem Ganzen wëllt eng richteg Stad plangen, déi sech an deenen nächsten 20 oder 30 Joër harmonesch entwéckele soll, dann as et haut schon néideg, fir den Tracé festzeleen vun enger Strooss, déi et erlaabt fir datt den Haaptverkéier, deen nët muss an den Zentrum vun der Nordstad goën, ronderemfuere kann. Ech hu mer dun virgestallt, datt dee Contournement, deen als zweet Prioritéit mat iwer 90% vun de Stëmmen aus der Enquête rauskoum, esou geng ausgesin: vum Rouscht un d'Autobunn bis hanner Ettelbreck, dann riwer op Bettenduerf an erop op d'Eisléckhéichstrooss, vun do iwer Felen a Mertzeg rem riwer op d'Autobunn Nordstad-Lëtzebuerg. Ech verlaangen natiirlech nët datt dës Strooss soll direkt gebaut gin: ech hätt nëmmen gär wann den Tracé dervun schons elo festgefruer geng gin; nëmmen esou kënne mer eng Situatioun verhidden, déi mer op ville Plazen am Land kennen, wou nei Stroossen mussen duerch Dierfer oder Quartierën gebaut gin.
Déi drëtt Prioritéit as d'Eisléckhéichstrooss; daat as déi Strooss déi vun der Wemperhardt roofkënnt an un d'Autobunn ugeschloss soll gin. Déi véiert Prioritéit op eiser Lëscht as déi vun der Strooss Nordstad-Baaschtnech an déi fënneft as eng Verbindung zwëschen der Nordstad an dem Merterter Hafen, séif et iwer d'Fiels oder iwer lechternach.
Mir hun an der Enquête de Leit d'Fro gestallt waat fir eng Verbesserongen si gären an de Verkéiersméiglechkeeten duerchgefouert gesiten. Eng ganz grouss Majoritéit huet sech mol fir d'éischt ausgeschwat fir Expresszich zwëschen der Nordstad an der Haaptstad. En zweete Wonsch as deen vun engem Pendelverkéier - mat Autobussen oder esouguer Elektrobussen - zwëschen dem ieweschten an dem eneschten Steck vun der Nordstad: also vu Bettenduerf bis op Bissen. Sou ee regelméissege Pendelverkéier kënnt also och de gesamte Verkéier an der Nordstad selwer iwerhuelen.
No de Verkéiersweër kommen ech op d'Infrastrukturen. D'Nordstad misst un d'Erdgasledong ugeschloss gin: et wier sécher nët schwéier, eng Gasledong parallel zou der Autobunn ze leën, wann och déi meeschte Leit an eiser Emfro d'Meenong vertrieden, datt d'Elektrescht d'Energie vun der Zoukonft as. Ech perséinlech géng der Cegedel fir d'Elektrescht an der Sebes fir d'Waasser gären zoutrauen, ëmmer dann ze investéieren wann d'Entwécklong vun eiser Stad dat néideg mécht.
D'Infrastrukturen sin awer bäi wäitem nët de schlëmmste Problem, dee mer hun. Wat gesi mer am Süden an och an anere Partiën vum Land? Onplanifizéiert droplassbauen, rausrappen, Bëscher zerstéieren, hei Wunnungen sëtzen, do Industriën, hei e klengen Handwierksbetrieb an do rëm en Appartementshaus. De Sënn vun der Raum- a Landesplanong as jo eben fir ganz konkret festzeleën, wou een eng Industrie kann opriichten, wou een Haus bauen, wou d'Bëscher musse bestoë bleiwen an esou weider.
Op Grond vun eiser Emfro hu mir fir d'éischt eng Partie Industriezonen festgeluegt. Mir sin dobäi dervun ausgaang, datt déi Industriegebidder déi scho bestin natiirlech nët méi ofzeschafe sin. Vill Leit hun sech géint eng Industriezon am Waalebroch zwëschent Ettelbreck an Déikrich ausgeschwat; mi hun se awer bäibehalen well se schons besteet a well et onméiglech as, dat wat do besteet nees aus der Welt ze schafen. Et as dat déi éischt Industriezon. Eng zweet léit hannert Ettelbreck, do uewen hannert Warken; eng drëtt um Rouscht, wou de ganze Plateau soll als Industriegebitt reservéiert gin; an eng véiert an dem Dall hannert Bissen wou d'Bisser Neelfabrik läit. Eng nei Industriezon as douewen um Fridbösch geplangt, fir de Fall datt dat wat un Industrieland besteet nët duergeet.
Zwëschent Ettelbreck a Schieren, do wou den Autobunnsverdelerkrees hikënnt, soll dann eng lescht Industriezon hikommen: si as geduecht fir kleng Betrieber, Handwierk an esou weider.
Wat eis dobäi wichteg schéngt, as datt elo schon nët nëmmen déi Zonen festgeluegt gin mä datt si un d'Stroossennetz, un d'Energieleitungen, un d'Eisebunn asw. ugeschloss gin; an dann och datt mer elo schon alles ënnerhuelen fir déi Leit déi dorem wunnen géint de Koméidi, géint de Gestank, géint eng ellen Emwelt ze schützen. Mir schloën duerfir ënner anerem vir, datt jedfer Industriebetrieb sech ronderem, an enger Déift vu 5, 10 oder esouguer 15 Meter, mat Bäm muss emgin. Dat selwecht soll och vun der Bauverwaltong op dene Plazen gemaach gin wou eng Strooss no laanscht Wunnhäiser leeft. Et as dach de Mënschen vun haut nët méi zouzetrauen, vu muerges bis owes am Gestank an am Koméidi ze liewen: firwat maache mir da näischt? Et wir dach esou einfach an et géng mol nët vill kaschten.
Eng zweet Grupp vu klor festgeluegten Zonen as déi vun de Wunngebidder. Hei menge mir, datt ausser dem Kär vun den Uertschaften, deen natiirlech do bleiwt wou en as, nei Haiser op d'Héichten gehéieren, mat Bëscher ronderem, esou weit ewéi méiglech weg vum Koméidi a vum Gestank. Mir hun esou nei Wunngebidder virgesin um Karelshaff, bäi Schieren rop um Bierg, zu Angelduerf op där anerer Säit vun der Sauer, uwenausser zu Ierpeldeng an hannenausser zu Bettenduerf. Fir dës Gebidder missten elo direkt Bebauungspläng gemoolt gin esou datt jidferee wéist, wou da Io nach wat, wéi ka gebaut gin.
Eng drëtt a lescht Zon as déi vun engem grousse Geschäftszentrum bäi lerpeldeng, hannert der Laduno, an der Géigend vum Goldknapp. D'Idi as fir do grouss Geschäfter zouzeloossen - d'Gesetz misst also geännert gin - an zur selwechter Zäit vill enzel Boutiquen ënnert dem selwechten Dach opzeriichten, mat ganz vill Parkméiglechkeeten, Autobushaltestellen asw. jé, Dir huet sécher schon am Ausland esou ee ,,Shopping center" gesin a kënnt Iech also virstellen wourem ët get. Dëse Virschlag kënnt och direkt aus eiser Emfro a gët vun dene meeschte Geschäftsleit ënnerstetzt. An da soll nach e soën, Dir Geschäftsleit wiert géint de Fortschrëtt! Déi Zäiten, wou d'Ettelbrecker Geschäftsleit sech mat Hänn a Féiss géint eng Emgehongsstrooss gewiert hun, si riwer. Haut wësst Dir Ettelbrecker an Déikricher Geschäftsleit ganz genau, datt esou e Geschäftszentrum am Kär vun der Nordstad kengem anere Geschäft onbedengt den Hals muss zoudrécken. A wann Dir mat méi ewéi 70% vun de Stëmmen fir esou e Projet sit, dann as dat och well mir am Häerz vun Ettelbreck an am Häerz vun Déikrich autofriem Foussgängerzone virgesin hun. Hei kënnen Är Clienten zu Fouss a gemitterlech aus engem Geschäft an dat anert goën, ouni sech ze presséieren, wéi dat viru 50 Joër de Fall wor.
An anere Wierder: op der enger Sält fiert de moderne, prësséierte Mënsch mat senger Luxusmaschin op de Parking vum grousse Geschäftszentrum a keeft a Massen an, wat hien esou brauch. Op der aner Säit geet de moderne Mënsch awer och gäre shopping machen, „lèche-vitrines" wéi dat esou léif gesot gët, aus engem Geschäft an dat anert: hie keeft dann éischter Qualitéit ewéi Quantitéit an dat as de Sënn vun de verkéiersfreien Foussgängerzonen zu Ettelbreck an zu Déikrich. Et verhënnert natiirlech ke Mënsch Iech Geschäftsleit selwer och am groussen Geschäftszentrum aktiv ze gin: da maacht Dir Är Geschäftercher eben ob e puer Plazen, firwat och nët?
Erlabt mer hei eng Bemierkong. Et geet nët esouvill drëm, fir ze wëssen wou déi verschidden Zonen, Stroossen asw. ze leie kommen. Eist Land, eis Stad zielen genug gescheit Käpp fir sech dorem ze bekëmmeren a fir déi beschte Pläng auszeschaffen. Wourem et geet as, datt iwerhaapt Zonen festgeluegt gin an datt Entschédongen geholl gin éiert et ze spéit as.
An esou kommen ech op eng aner wichteg Fro fir eis Nordstad. Den Ettelbrecker Gemengerot kann haut nët decidéieren, datt eng Industriezon an den Waalebroch kënnt; esou wéi den Déikricher Gemengerot näischt iwer e Camping hannert Warken ze soën huet. Aus denen zwee Beispiller gesit Dir, datt et bal nët méiglech as, e Gesamtplang fir d'Nordstad opzestellen ouni eng Zentral, eng Autoritéit, a firwaat nët, e Gernengerod.
An eiser Emfro hu mir d'Fro gestallt: „Sit Dir fir d’Fusioun vun de Gernengen aus denen lech no d'Nordstad soll bestoën, oder sit Dir dervir, datt d'Gernengen hier Frähäit behalen, mä datt se iwer Syndikaten - wéi den Här Burgermeeschter Poos et éinschter gesot huet - iwer en Agglorneratiounsrot zesummen déi wichteg Investitiounsdécisiounen huelen?“
Kornescherweis hu vill Leit déi Fro schlecht gelies: duerfir hun sech 72% fir d'Fusioun a fir den Agglomeratiounsrot ausgesprach. Et as also schwéier, doraus eng Léier ze zéien. Perséinlech kënnt ech mer virstellen datt dat engt dat anert nët ausschléisst. Esou kënnten zum Beispill Ettelbreck an Déikrick mat lerpeldeng fusionéieren: dës grouss Gemeng geng dann mat denen anere Gemengen, déi sech un der Nordstad bedelege wëllen, e Syndikat grënnen. Et gin sécher nach vill aner Méiglechkeeten.
Wann der Io gäre meng Meenong wéisst, da gestinn ech an, datt ech fir d'Fusioun vu mindestens 7 Gemenge sin an datt ech denen aneren interesséierten Gemengen d'Dir oploosse wëll fir sech och an de Nordstadklub ze melden. Soubal een awer vun der Fusioun schwätzt, kënnt d'Fro op: a wou setze mer dann d'Gemengenhaus a wéi nenne mer déi nei Gemeng?
Dozou geng ech soen: mir duerfen déi nei Gemeng weder Bettendorf, nach Déikrich, lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, Colmer-Bierg oder Bissen nennen, well mer soss a grouss Schwieregkeeten kéimen. Mir sollen also e neien Numm sichen, zum Beispill dat lëtzebuergescht Wuert Nordstad oder soss e vun dene ville Nimm, déi Dir an dem grenge Buch fand.
Den administrativen Zentrum vun der neier Gemeng geng ech och éierentwou setze wou en nach nët as: aus der Emfro kënnt de Virschlag déi nei Märei no bäi de Geschäftszentrum ze bauen; an nët nëmmen déi nei Märei ma och all aner kollektiv Investitiounen wéi Kulturzentrum asw. Dat hätt de grousse Virdeel, datt d'kollektiv Infrastrukturen wéi Parking, Spillplazen, Kannercrêchen asw. vun all dene Leit kënnte gebraucht gin, déi akafe gin oder op d'Gemeng, an den Theater oder an den Cinema gin.
Iwer d'Verwaltung an den administrativen Opbau vun esou enger grousser Gemeng wëll ech weider näischt soën: just nach drop hiweisen, datt vill Leit sech an der Emfro fir den Amtsburgermeeschter ausgeschwat hun an datt eng Partie Leit léiwer de Majorzsystem ewéi den Proporzsystem bäi de Gemengewahlen genge gesin. Fir mech sin sou Froën awer nët déi wichtegst: mir hu jo genug gescheit Politiker fir duerfir Léisongen ze fannen. Wourop et awer ukënnt, dat as d'Koordinatioun vun den Investissementer a vun de Budgetën, well do geet et em ganz grouss Zommen.
Dir Dammen an Dir Hären, ech kommen zum Schluss. Am Liewen gët engem nët oft eppes geschenkt. lech Awunner vun dëser Stad as e phantastesche mënschlechen a wirtschaftleche Potential geschenkt gin. An un lech as et duerfir, fir dëse Potential ze verwalten, mat Léiwt an Emsicht zur Bléi ze bréngen a fir Är Kanner a Kannskanner ze versuergen. Dat geet nët ouni perséinlechen Asaz. All Geschäftsmann aus dësem Sall weess, datt een ouni perséinlechen Asaz, ouni vill Schaffen an lwerléen, ouni Suergen an ouni Reckschléi ni zum Erfolleg kënnt. Dir Geschäftsleit huet ugefangen lech ganz stark fir Är Stad anzesetzen. Do kann ech lech nëmme soën: dréckt op de Balleg, loost d'Fonke sprëtzen a schlot op d'Eisen esou lang wéi et gliddech as. Ruft all Leit vu guddem Wëllen zesummen - keen as zevill mä 't as och keen ze schued, loost eng detailléiert Etude maachen vun alle Problemer, déi sech an Ärer Stad stellen, loost se maachen vun engem Team vu Spezialisten aus alle Branchen, aus allen Disciplinen. Rufft e Wiedermann derbäi an e Geograph, an e Wirtschaftler an en Demograph, e Soziolog an e Verkéiersfachmann, e Professer an en Dokter, e Waasserspezialist an e Mann vun der Energie an esouguer, wann et muss sin, en Affekot. Loost se Méint an esouguer e Joër schaffen ënner der Ledong vun engem professionelle Raumplaner.
,,Dat kascht vill Geld" wärt Der mer direkt soën. Mä wou gudde Wëllen as, do sin och gewéinlech Mécken ze fannen. Wann den Här Innenminister hei wier, da geng ech him Io direkt virschloën, Iech eng Partie vun dem Kredit ze gin, den hien a sengem 73er Budget fir d'Gemengefusioun virgesin huet. 1000 Frang pro Awunner, hun ech mol irgentwou an enger Zeitong gelies. Ma gudd, dat géifen da fir lech 17 Milliounen maachen; dat wier och schon eppes fir kleng unzefänken.
Ennerbreet d'Resultater vun esou enger Etude Äre politeschen Instanzen. Mobiliséiert Är Burgemeeschteren, Är Deputéierten, setzt all Hiewel a Bewegong a loost lech nët verdreiwen vun denen éiwegen Kreckéiler a Neesoër. Et geet hei guer nët em de lokale Prestige vun denen engen oder vun denen aneren. Et geet em eis Zoukonft a nach méi em déi vun eise Kanner.
Eis Stad soll eng Stad sin wou et gutt as fir ze liewen, wou d'Schaffe Freed mecht, wou d'Waasser kloor an d'Loft proper as, a wou d'Leit zesummenhalen, wou d'Foussgänger nach kënnen zu Fouss goën an d'Autofuerer ouni Gefor fir sech a fir déi aner kënnen zirkuléieren. Eng offe Stad wou déi vu baussen gären hifueren, well jidfereen sech do doheem fillt.
Dat soll mäi Wonsch fir Är Stad sin!
Inauguration du Sentier Adrien Ries à Gilsdorf le 23.09.2006 à 14:00 heures
Dir Damen an Herren,
ech sin gefrot gin, fir e puer Wuert am Numm vun der Famill ze soen.
Fir d'éischt e puer Wierder zum Trëppelen
Vu kleng un sin mir als Kanner mat mengem Papp getrëppelt, natiirlech virun allem ronderëm Bivels, Veianen an Stolzëbuerg. Dakk ass en eminenten Nordstader, den Carlo Hemmer, mat sengem Velo vun Ettelbréck bei eis heem komm, an dann sin mir vu Bivels op Braanebuerg getrëppelt an hun an der Buerg op engem Lagerfeier e puer Mettwurschten gegrillt. Zu Chrëschtdag sin mir ze Fouss vu Bivels op Cliärref an d'Metten gaangen, dat wor e laangen Dag! Mir Kanner hun selbverständlëch an der Mass riicht duerch geschloof!
Wéi mäi Papp bis pensionnéiert war, huet hien eng Rëtsch grouss Trëppeltouren ënnerholl: vu Bivels op Santiago de Compostella, Vu Bivels op Brindisi. Wéi ech zu Wien Student war, huet mech mäi Papp eng Kéier ugeruff a gesoot: "Ech kommen Dech besichen". Ech soot: "Super, wéinii kënnst Du? Muer, Iwermuer?". Hie soot: "Nee ech gin muer fort an kommen an engem Mount un". Mäi Papp huet mech zu Fouss besicht! Kee schlecht Beispill fir eng Mobilitéitswoch!
E puer Détailer zur Famill
D'Famill vu mengem Papp kënnt aus der Nordstad. Säi Papp war en Ettelbrécker aus der rue Abbé Müller, säi Grousspapp koum vu Bastenduerf an war Clerc beim notaire Salentiny.
Schliesslech zum Thema Nordstad
Ech war deemols 1973 bei där Ried dobäi, well mäi Papp d'Ried wollt op Cassette ophuelen. Ech kann mëch erënneren, dass de Sall struppevoll war an ech soutz an der éischter Reih mat der Hellë Wull Ministeren, Députéierten, Buergermeeschteren an weideren Eieregäscht. Wéinst mengem Alter an menger wichtiger Aufgab hun ech, wéi Dir Iech kënnt viirstellen, nët vill vun der Ried matkritt.
D'Cassette existéiert wahrscheinlech nach, mais ech konnt sie bis haut nët fannen. Sollt sie rëm optauchen, stellen ech sie de Verantwortlichen vun der Nordstad gären zur Verfügung.
Fir waat huet mäi Papp deen Opwand ronderëm d'Nordstad deemols bedriwwen? Hie war jo beruflech zu Bréissel an héichstens zu Lëtzebuerg fir déi berühmten Landwirtschaftsmarathon'en, déi härzlech wéineg Zäit fir déi geringsten Niewenbeschäftigungen gelooss hun.
Abee, et brauch een nët wäit sichen ze goen. Et ass aus der selweschter Motivatioun eraus geschitt, déi Awunner aus dem Norden haut undreiwt, fir sech fir hir Géigend anzesetzen, souzesoen hir Heemescht. Et ass déi berühmte Saach mat der niddreger 'masse critique' déi een muss opweisen, fir eppes z'erreechen.
D'Stad ass e Waaserkapp an deem sech zimlech alles konzentréiert, och e gudden Deel vum Impôt commercial aus eisen ländleche Régiounen. Esch-Uelzecht war deemols de Fleuron vun der Stoolindustrie an gëtt haut zur Zentral vun der Fuerschung a vum Héichschoulwiesen gemaach.
Sollen Investitiounen an Initiativen an de Norden kommen, geht et nët méi duer, fir déi richteg Relatioun an der Stad oder bei der der Regierung ze hun. Et muss een sech zesummendoen an alle Beräicher, regional zesummenschaffen, an déi sakrosankt Kiirchtuermpolitik emol op der Säit loossen. Ech kann Iech versëcheren, dat ass méi einfach wéi een mengt, an et deet och nët wéi!
U Beispiller fir esou Initiativen fehlt et am Norden nët: d'Ententes vun den Syndicat d'Initiativen sin am Norden erfond gin, déi éischt am Cliärrwer Kanton, De Veräin Cliärrwer Kanton ass déi éischt régional Zesummenarbescht op kulturellem Plang, den SICLER, den Syndicat intercommunal pour la promotion du canton de Clervaux, déi éischt wirtschaftlech coopératioun op régionalem Plang, d'Naturparken sin am Norden erfond gin, d'LEADER-Gruppen mat wichtigen Projet'en wéi beispillsweis landeswäit den éischten Guichet unique fir d'Betrieber ...
Dat kënnt nët vun ongeféier: et war déi eenzeg Méiglechkeet fir an eiser benodeelegter Regioun eppes an de Gang ze kréien an de néidegen appui bei den Autoritéiten ze kréien.
Dat hun Leit wéi mäi Papp deemols och schons bekäppt gehaat, an sie hun hiren Beitrag dozou wëllen leeschten, dass eis Régioun Norden sech zesummendeet an coopérationen ageht. Dat ass d'Käriddi vun der Nordstad an Dir wësst besser wéi ech wéi laang esou e Prozess gedauert huet an nach wärt daueren.
Mais wichteg Schrëtter sin elo gemaach, no intensiven Analysen an regionalen Konferenzen, an deenen ech un déi wichteg Katalysatorroll vum fréieren Regierungsroot Claude Gengler wëll erënneren, ass d'Kooperation konkret gin a Form vun enger Denkfabrik Nordstad an verschidden Kooperatiounspakten tëschend de Gemengen. Och déi schwiereg Fusioun vun den Musikschoulen zu engem Conservatoire du Nord leesst sëch weisen!
Ech wëll den Verantwortlëchen aus der Regioun am Numm vun eiser Famill e grousse merci soen, dass op esou enger flotter Weis wéi en Trëppeltour u mäi Papp erënnert gëtt. Hien géif sech sëcher doriwwer fréen.
Ech soen Iech merci.
Christian Ries